vendredi 10 décembre 2010

Dag vun de Mënschrechter

Mir feieren haut um 10. Dezember den Dag vun de Mënscherechter. Vläit fänke mer haut den Owend eng Käerz un, déi mer an d'Fënster stellen. E klengt Liicht an der Däischtert - an dach e wichtege Message.

Virun e puer Wochen war ech beruflech am Congo (République Démocratique du Congo). An der Haaptstad Kinshasa liewen 10 Millioune Leit - dorënner Zengdausende vu Kanner op der Strooss, schwéierst handicapéiert Leit ouni all staatlech Hëllef, ongezielte Mënschen am Misère ... Felicitatioun fir déi Lëtzebuerger Organisatiounen, déi generéis hëllefen!

Eng Deputéiert aus dem Osten vun deem riesege Land huet mir aus hirer Heemecht erzielt. Do si kriminell Hutu-Banden aktiv, déi aus dem Rwanda verdriwwe gouffen. Si iwwerfalen d'Dierfer, si morden, stiechen Haiser un, huele keng Rücksicht op Kanner ... Si verschleefe Fraen, déi hinne Sklavendéngschter leeschte mussen, déi all Dag bis zu 20 Mol vergewaltegt ginn. Déi Fraen, déi sech wiren, gi lieweg begruewen. Déi Fraen, déi matmaachen, ginn vun hiren eegene Familjen verstouss; hir Kanner gi net an d'Gemeinschaft ophgeholl.

All dat geschitt am Joer 2010. Wie wëllt, kann Témoignagen um Internet noliesen.

De 25. November war den internationalen Dag vum Engagement géint Gewalt u Fraen. Haut ass den Dag vun de Mënscherechter.

Eis Käerz an der Fënster ass net vill. Vläit dréit se awer mat derzou bäi, dass d'Affer net vergiess ginn. Fir de Rescht sinn eng Hellewull Organisatiounen op eis Ënnerstëtzung ugewisen. Eis finanziell Hëllef. Awer sécher och eis oppe Wierder, eise Credo fir eng Welt ouni Brutalitéit. Eng Welt, an deer d'Rechter vum Eenzelnen eppes zielen.

Musse mir bis an Afrika goen? Bestëmmt net. Och heiheem ginn et der zevill, deenen hiirt Kräischen kee gesäit a keen héiert. Et bleiwt villes ze maachen, a mir ginn dobäi all gebraucht.

Lëtzebuertg, den 10. Dezember 2010.

Mill Majerus