lundi 31 août 2009

Fläisseg Politiker !?

Si Politiker "fläisseg", wa si vill Questions parlementaires stellen? Si si "liddereg", wa se dat ënnerloossen? D'parlementaresch Froen fannen an der Presse eng gutt Resonanz, a geleegentlech moosse Journalisten den Aarbechtsäiffer vun den Deputéierten un der Zuel vun de Froen, déi si formell der Regierung stellen.

Natiirlech ass d'Question parlementaire fir den Deputéierten en interessant Aarbechtsinstrument. Hie kann aktuell Froen thematiséieren, seng eege Prioritéiten artikuléieren, op sozial Schwieregkeeten opmierksam maachen, Mëssstänn ugräifen, regional Probleemer opgräifen, d'Aarbecht vu Ministeren kritesch begleeden. Wat méiglech Themaen ugeet, sinn dobäi dem Parlementarier (a senger Fantasie) kaum Grenze gesat.

Allerdéngs sinn déi allermeescht Froen liicht a séier gestalt. Dacks iwwerhuelen souguer d'Mataarbechter aus de Fractiounen dës Aufgab, an d'Madame oder den Här Deputéiert maache just hire Krop. Déi, déi geplot sinn (an also musse "Fläiss" beweisen), sinn d'Ministeren respektiv deenen hir Beamten. Bei verschiddene Questions parlementaires gi vill Stonnen Aarbecht drop, fir déi néideg Recherchen ze maachen. Dat ganzt (bal) nom Motto: Een Domme ka méi Froe stellen, wéi zeng Gescheiter der kënne beäntferten.

Ass den Investissement all Kéier berechtegt? Ech denken, dass déi, déi Questions parlementaires stellen, och mussen iwwerleeën, wat de Präis vun der Äntfert ass. Soss ass dat Instrument e bëllegt (pardon: en deiert) Spill fir näischt. (D'Käschten dovun iwwerhuelen d'Biirger, wa se Steiere bezuelen.)

Natiirlech gëtt d'Question parlementaire och zur politescher Waff. Et kann een domatten seng politesch Géigner (a "Frënn"?) hannerfroen, rëselen, a Verleeënheet bréngen, ugräifen, iergeren a - sécher geleegentlech och - verréckt maachen. Aus deem Grond sinn an aller Reegel Oppositiounspolitiker bei de Questions parlementaires zimlech "fläisseg". Déi aner si méi "brav". Cela étant dit, wann de Minister seng Froen gutt beäntfert, da kritt hien ganz gratis (an ouni den Opwand vun enger Pressekonferenz) e flotte Forum, fir seng Politik a säin Engagement ze weisen (oder ze "verkafen").

Et gëtt fir de Fläiss vum Deputéierten besser Critèren wéi d'Zuel vun de Froen, déi hie stellt. Um Portail vun der Chamber fënt hien qall Dag, ganz mondgerecht, eng Hellewull vu spannenden Dokumenter, ë.a. och d'Äntferten op déi Honnerte vu Questions parlementaires, déi hien a seng 59 Kolleeginnen a Kolleegen all Joer stellen. Wie sech Zäit hëlt, wéinegstens en Deel vun deenen Dokumenter liest a verschafft, deen ass wiirklech fläisseg. Mä dee Fläiss ass manner spektakulär. Ech wëll domatten net soen, d'Question parlementaire wär ee "Spektakel". Ech hu viru 14 Deeg meng zwou éischt selwer gestallt a waarde gespaant op d'Äntferten.

Lëtzebuerg, den 31. August 2009.

Mill Majerus