jeudi 4 juin 2009

Wahlkampf: Sou an anescht!

Mir si vill Kandidaten (F/M) an 8 verschiddene Parteien. Mir hunn eis opsetze gelooss a mir hu selbstverständlech Ambitiounen. Ech ënnerstellen eis, dass mir - déi allermeescht vun eis - wiirklech de Leit an eisem politeschen Engagement gutt Déngschter wëlle leeschten.

Fir dohinner ze kommen, brauche mir awer d'Stëmme vun de Leit. Mir mussen dofir suergen, dass mir gewielt ginn: mir als Partei, mir als eenzel Kandidaten. Déi, déi dat vu bausse kucken, rappe gär doriwwer hir Witzen. Déi, déi aktiv mat am Coup sinn, fänken un ze "kämpfen".

Ech hunn an de leschte Wochen déi "al Huese" gefrot, wat fir eng Strategieën et bréngen a wéi eng net. Soll ee vun engem Wisefest op dat näechst lafen? Muss een Honnerte Leit perséinlech d'Klensch drécken? Muss ee jidderengem Recht ginn - egal wat en zielt? Soll ee kräfteg mat den Ielebéi schaffen, fir bei all Foto gutt placéiert ze sinn? Brauch een 1000 Frënn um Face-Book? Dir laacht? A wann een dat als Kandidat net mécht, huet een dann reell eng Chance? Déi "al Huesen" wëssen d'Äntfert anscheinend och net sou richteg.

Natiirlech gëtt et an all deem och eng aner Iwwerleeung. Wat fir e Präis sinn ech prett, fir ze "bezuelen". Et gëtt Wahlkampfstrategieën, bei deenen ee vläit "gewënnt", mä sech selwer awer och e Stéck verléiert.

Beispiller
- Beschass bedreiwen an den eegene Reien,
- polemesch Aussoen maachen iwwer aner Kanddaten an aner Parteien,
- Leit géintenaner opwigelen (dacks genug an den eegene Reien),
- sech hemmungslos profiléieren,
- exklusiv an de Schäin investéieren,
- falsch Versprieche maachen...

Eng Rei Kandidaten (M/F) wëlle virun allem domatte glänzen, dass se hir Géigner denigréieren. Sou laang, déi net do sinn fir ze äntferten, ass dat jo e liicht Spill. Et ass awer en Zeechen dofir, dass ee selwer näischt ze bidden huet. Soss kënnt ee jo positiv soen, wat ee selwer erreeche wëllt a wéi een dës Ziler ëmsetze kann. Da bitt een Alternativen. Da kann de Wieler e positive Choix maachen.

Beispiller:
- Wéi analyséiere mir d'Situatioun zu Lëtzebuerg an an Europa?
- Wéi eng Visiounen hu mir?
- Watmuss geschéien?
- Wou sinn eis Prioritéiten?
- Bei wat soe mir jo a bei wat soe mir neen?
- Wou kënne mer eis politesch Kompromisser virstellen a wou net?

All dat steet a Wahlprogrammer a ka no gelies ginn. Mä heinsto hunn ech d'Impressioun, dass souguer Kandidaten (M/F) hir Programmer net kennen oder sech net domatten identifizéieren. Beispill? D'Diskussioun Päischtsamschteg op der Plëss beim Gay-Mat.

E Sondeg si mer alleguer - och mir Kandidaten - Wieler. Ech perséinlech wëll net nëmme sympathesch Binette stëmmen. Et deerf sech net op d'Show reduzéieren. Ech si net interesséiert, wien am beschte schläimen, intrigéieren a polemiséiere kann. Et geet e Sondeg fir mech un éischter Stell ëm politesch Visiounen, Analysen, Prioritéiten an Handlungsoptiounen.

Um Wahlsondeg si mir all als responsabel Wieler gefuerdert. Ech freeë mech doriwwer, dass ech an engem Land wunnen, wou ech an aller Hinsicht e Stëmmrecht an eng Wahlméiglechkeet hunn.

Schous, 4. Juni 2009.

1 commentaire:

  1. mäin Numm ass Zara, ass op en Zeegnes gestouss wéi hien all Woch 5000 € gemaach huet just mat engem Kapital vun 1.500 €, well ech verzweifelt no engem Online Investitiounsplang gesicht hunn deen ech meng Léin investéiere kann, ech kontaktéieren d'Firma, MIDAS GOLD SUEN an si féiere mech, elo krut ech mäi Gewënn vun € 8000 mat engem Kapital vun 2000 € just an 10 Schaffdeeg, kontaktéiert se op E-Mail, MIDASGOLDMONEY@GMAIL.COM

    RépondreSupprimer