mercredi 14 juillet 2010

Den Här...

... dat ass den Titel vun engem Theaterstéck vum Josy Braun, dat am Cader vum Stengeforter Theaterfestival gëschter Première hat.

Et ass en "aalt" Wiirk vum Meeschter, wat gëschter nei - an iwwregens ganz brilliant - an der "Aler Schmelz" opgefouert gouff. D'Stéck war fir den Auteur d'Geleeënheet, eng real Geschicht aus sengem Heemechtsduerf ze thematiséieren an opzeschaffen.

Et geet ëm Mëssbrauch an der Kiirch. E méi wéi aktuellen Thema an dëse Wochen a Méint. Den Auteur Josy Braun setzt sech ausenaner mat dem Firwat. Mat grousser Sensibilitéit artikuléiert hien déi vill "gutt" Grënn, déi mer wuel all virbréngen, fir Mëssbrauch a Gewalt ze tabuiséieren, ze verschleieren, ënner den Teppich ze kiren.

Den Auteur geet zu Geriicht mat enger Kiirch, déi Affer an Täter kleng hält. Dat wat hien iwwer d'Kiirch seet, rëskéiert ze passen fir aner Institutiounenen, déi net de Courage hunn, sech mat hirer Wourecht ausenaner ze setzen, déi d'Dignitéit an d'Rechter vum Eenzelnen net respektéieren, an deenen de Pouvoir mëssbraucht gëtt, fir Leit kleng ze halen. De Géigendeel vun enger "Résurectioun"!

Et war fir den engagéierte Kiirchemann, als deen ech ugesi ginn, kee "bequeemen" Owend. Mä awer eng Stonn vu Wourecht. Bestëmmt huet dat och gezielt fir den Auteur Josy Braun. Seng oppe Kritik war dacks genug den trauregen Anlass, hien just och an der Kiirch ze denigréieren.

Als Coordinateur vun der Hotline vun der Kiirch wëll ech him mäi grousse Respekt soen fir déi couragéiert Sprooch, déi hie viru laange Joren fond huet. Et ass näischt "verstëpst" un Ärem Wiirk, Här Braun, leider!

E grousst Kompliment der Régie an allen Acteuren.

D'Stéck gëtt nach opgefouert den 20., 21., 22., 27., 28. an 30. Juli, den 2. an de 4. August an der "Aler Schmelz".

Ca vaut le détour!

Lëtzebuerg, de 14. Juli 2010.

Mill Majerus

1 commentaire:

  1. Salut Kärelen, wann Dir en echte Hacker astelle musst fir den Telefon vun Ärem Partner z'ënnerhuelen / ze hackéieren, Handel a verduebelt Är Suen bannent Deeg / Wochen, oder Hack all Datebank, all mat Vertraulechkeet garantéiert, kontaktéiert easybinarysolutions@gmail.com, oder WhatsApp: +1 3478577580, si sinn effizient a vertraulech.

    RépondreSupprimer