lundi 5 juillet 2010

D'Jonge musse wannen!

Jo, sou ass et: d'Jonge musse wannen. Eis Jongen - aus Brasilien, Argentinien, Italien, Däitschland... Gar la box, wa si net wannen - an der Aachtels-, Véirels- oder souguer an der Halleffinale! Da musse si sech schummen, si ginn ausgelaacht, dem Trainer an dem Präsident hir Käpp gi gefuerdert. Grujheleg dat Geschäft, oder?

A souguer mir Lëtzebuerger hu Jongen, déi lo wanne mussen. Net am Football, mä am Tour de France! A wa si sech net nach toppen? Net op de Champs Elysées ganz uewe stinn?

"Dabei sein ist alles!" Zielt déi Devise nach? Kënne mer eis freeën iwwer Sportler, déi gutt ofschneiden, ouni de Maillot jaune ze droen, déi am Déngscht sinn vun enger Equipe, déi net fuddelen, déi keng Supermänner sinn? Mussen eis Jongen wiirklech wannen?

Et kënnt ee lang philosophéieren?
- Wann ee wanne muss, wéi ee Präis gëtt da bezuelt? De Präis vun der Gesondheet, vun der Gruedheet, vun der Fairness?
- Si mer bei de Meedercher grad sou exigent wéi bei de Jongen? Deerfen Meedercher éischter verléieren, ouni sech mussen ze schummen?
- Firwat mussen anerer fir eis wannen? Ass dat, fir dass mir selwer da beim Wannen "dispenséiert" sinn? Loosse mir anerer - eis Jongen - fir eis wudderen, kämpfen a sech duerchsetzen?
- Wéi ass et mam Mëttelmooss? Wien huet all deenen Equippen felicitéiert, déi et am Spill mat der Weltélite bis an eng Aachtelfinale gepackt hunn? An iwwerhaapt, do wou mir selwer struewelen, a wat fir enger Liga spille mir dann? Ass net d'Mëttelmooss déi Liga, déi fir déi meescht vun eis gutt passt?
- An d'"Looser"? Déi, déi verléieren, déi, déi Pech hunn, déi, déi just d'Lat geroden? Dacks gi si zu "Winner": si halen de Kapp héich, si kennen hir Qualitéiten, si ware fair, si gi feerdeg mat Enttäuschungen, si spille weider...

Wa mer wëllen, da sinn bei de Matcher net nëmmen d'Winner impressionnant. Et ass der Méi weert, sech och op déi aner anzeloossen: de Peloton, déi, déi verléieren, déi, déi mussen opginn. Eppes ass kloer: och si kënne villes gewannen. A mir mat hinnen.

Ech wëllen hinnen all d'Daimercher drécken - den Halleffinalisten a Südafrika, de Jongen aus dem TdF, a besonnesch dem Frank an dem Andy. Fir dass si aus hirem groussen Exploit eppes Räiches gewannen!

Schous, de 5. Juli 2010.

Mill Majerus

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire