mardi 10 février 2009

Mäi Monni Willy

De Willy Majerus ass e Samschteg, de 7. Februar 2009, am Alter vu 87 Joer gestuerwen.

1921 gebuer, huet hien zur Krijsgeneratioun gehéiert. Wéi de Gauleiter Simon 1942 d'Wehrpflicht fir d'Lëtzebuerger Jongen proklaméiert huet, stunge si virun enger onméiglecher Wiel. Entweder si hu sech gestalt an hu mussen an der verhaasstener Arméi vum Géigner kämpfen. Oder awer si ware fahneflüchteg. Domatten hu si hiirt eegent Liewen a Fro gestalt an all déi exponéiert, déi si verstopt hunn. Hir Familjen gouffe verschleeft. Vill vun eis kënnen dat haut kaum nach novollzéien.

Vill vun den Enrôlés de Force hu spéider hir Congéën an d'Heemecht genotzt, fir awer nach ze desertéieren. Si hunn iwwerliewt a koppege Stoppen: a Scheieren, op Kiirchentiirm, bei Privatleit doheem (wéi mäi Papp) oder a Bunkeren am Bësch (wéi mäi Monni Willy). Lëtzebuerger Patrioten (deen Ausdrock kléngt haut friem) hu fir si gesuergt: si hu schwaarz geschluecht an de Risiko op sech geholl, fir d' "Jongen" an der Stopp mat deem Néidegsten ze versuergen. Déi, déi sech dobäi erwësche gelooss hunn, gouffen zum Deel op der Plaz erschoss.

Vill direkt Betraffener hu nom Krij - an dat bis haut - wéineg erzielt. Si hunn zum Deel awer schwéier un all deem gedroen. Et huet si belaascht an hiirt Liewen staark markéiert. De Monni Willy gehéiert zu deer Generatioun.

Ech freeë mech, dass ech selwer a meng Kanner haut an engem oppenen a fräien Europa deerfe liewen. Vläit vergiesse mir geleegentlech, wat fir ee formidaable Cadeau de Fridden ass. Vläit engagéiere mir eis ze wéineg géint de Krij an den Terror, déi a Lännerrandaléieren, déi knapps virun eiser viischter Dir leien.

Schous, den 10. Februar 2009.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire