samedi 21 février 2009

Engagement ouni vill Gedeessems

Den Titel passt gutt bei de Nico Barthel vu Rolleng. Seng Pompjeeskolleegen hunn hien e Freideg Owend, den 20. Februar 2009, gefeiert, well hien mat 65 Joer "a Pensioun geet". Am Bénévolat huet hien a ville Joren d'Pompjeesjugend bei sech doheem an am Kanton Miersch opgebaut.

D'Responsabel vum Pompjeesverband am Kanton Miersch an um Niveau vun der Jugend hun hirem Frënd gëschter Owend en "1. Präis" ginn fir säin Asaz. Den Engagement vum Nico Barthel léisst sech mat e puer Schlësselkompetenzen gutt beschreiwen: perséinlech Motivatioun, Ambitiounen fir sech an déi aner, Disziplin an Ausdauer, Weiderbildung, Vertrauen an déi Jonk, Teamgeescht a vill Humor. Eng Visitekaart, déi iwwregens och all haaptberuflechem Erzéier gutt deet!

De Nico Barthel bréngt et bis haut feerdeg, fir op jonk Leit zouzegoen, si matzerappen, mat hinnen zesummen ze wudderen, vill vun hinnen ze verlaangen a sech mat hinnen zesummen iwwer Resultater ze freeën. Hie gehéiert zu deene Bichen (oder Eechen), déi anerer kënne stäipen an déi och net ëmfalen, wann ee mat hinne streit.

Virun der Zäit war de Nico Barthel a senger Jugendaarbecht multi-kulti: Jongen a Meedercher, all gesellschaftlech Schichten, all Natiounen, all Ethnien... D'Erënnerungsfotoen vu sengem Asaz weisen e faarwegt Bild vun enger Gesellschaft, wéi mer se gären fir eis Kanner (an Enkelkanner) hei zu Lëtzebuerg hätten.

A senger Laudatio huet de Nofolger vum Nico Barthel sengem Meeschter bescheinegt, dass hie vill vun him geléiert huet - an dat och als Mënsch a fir de Beruff. Ech hätt mer gewënscht, dass der vill dee Message héieren hätten. Besonnesch all dé, déi bestänneg iwwer alles knadderen a jéimeren.

An engem anere Punkt gëtt de Nico Barthel eng sympathesch Lektioun. Hie weess, dass et wichteg ass, op engem bestëmmte Punkt "opzehalen". Et ass déi néideg Viraussetzung, dass eng Cause ka weider goen a weider wuessen. Et ass keng "Verabschied(b)ung" vun deenen Alen. Et schenkt och hinnen d'Fräiheet, fir nei Weeër ze goen a sech selwer weider z'entwéckelen.

An der Persoun vum Nico Barthel sollen sech vill aner Fraen a Männer gefeiert fillen, déi sech grad wéi hien ouni all Gedeessems - gewëssermoossen an der zweeter Rei - mat Kapp an Häerz engagéieren an dobäi an aller Bescheidddenheet Grousses leeschten. Ouni all Pai! Mä wéi de Nico Barthel gëschter Owend: Avec le Sourire! Merci.

Schous, den 21. Februar 2009

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire