lundi 23 mars 2009

Kondomer fir Afrika

Gëschter Moien hu sozialistesch Politikerinnen a Politiker am Kordall Kondomer gesammelt fir Afrika. Eng sympathesch Aktioun, déi sécher och e Kontrapunkt war fir dem Poopst Benoît seng rezent Aussoen zum Thema Kondomer.

Vill Leit - och vill Chrëschten - si schockéiert, dass de Poopst just um Ufank vu senger Afrikarees sech mat der Fro vun de Kondomer sou kritesch ausenaner gesat huet. A Schwaarzafrika sinn erschreckend vill Leit mat Aids infizéiert. Expertën wësse net méi, wat se maache kënnen, fir d'Epidemie ze kanaliséieren. Deelweis geet et dobäi ëm d'Iwwerliewenschancen vun engem Kontinent, deen am iwwregen och nach duerch aner Krankheeten, duerch Hongersnout, Aarmut, Krij an Terror gebeidelt gëtt. Et ass fiirchterlech, dass Zéngdausende vu Puppelcher op d'Welt kommen, déi schons am Bauch vun der Mamm mam HIV infizéiert gouffen.

Bis haut - an dobäi si sech ës all Wëssenschaftler eens - ass de Kondom fir Leit, déi Geschlechtsverkéier hunn, deen enzege séchere Schutz géint den Aids. Et kann also net sinn, dass een et géng wëllen drop ukomme loossen. Et ass fir mech richteg, fir Kondomer fir Afrika ze sammelen. Dozou ka bestëmmt jidefereen vun eis mat senger Spend e Beitrag leeschten.

Kondomer léisen awer bestëmmt net all Probleemer. An Afrika net an och zu Lëtzebuerg net. An hirer Sexualitéit sichen déi meeschte Leit méi wéi e séiere Kick. Si verlaangeren no Léift, no Zäertlechkeet, Unerkennung a Gebuergenheet. Vill Leit an all Alter maachen an hirer Sexualitéit batter Erfahrungen, fille sech gebraucht an ausgenotzt. D'Probleemer mat der Léift léise mer net mam Verdeelen vu Kondomer. Sou gesinn war et der Méi weert, beim Benoît XVI. déi ganz Ausso iwwer d'Kondomer ze liesen a sech net mat de Journalisten hirer Schlagzeil ze begnügen.

Trotzdeem huet de Poopst et verpasst, fir den Happening vu senger Rees am Interessi vun deenen Aarmen an Afrika ze notzen. Op deem Plkang kënnt hien bei sengem Virgänger nach munneches léieren.

Schous, de 24. Mäerz 2009.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire