lundi 6 avril 2009

Maisons Relais pour Enfants

E neit Buch iwwer eng relativ nei Institutioun! Eng Maison Relais ass e Foyer de Jour, dee Kanner bis 12 Joer op eng méi flexibel Aart a Weisw ophëlt. Vill Kanner komme just an der Mëttesstonn fir z'iessen. Anerer si schons moies virun der Schoul do, iwwerdeems hir Elteren op d'Schaff fueren. D'Maison Relais ass och mëttes op no der Schoul: Hausaufgaben, flott Atelierën, spillen a rolzen, awer och raschten an dreemen. Selbstverständlech si vill MRE och an der Vakanzenzäit disponibel. Et ginn och MRE, déi sech op Puppelcher "spezialiséiert" hunn.

Et gi bal 250 sou Haiser a 96 Gemengen. Kapazitéit: ëm déi 16.500 Plazen. Gutt am Rennen ass d'Stad Lëtzebuerg, déi an all Quartier eng MRE huet. 8.000 weider Plazen si queesch duerch d'Land geplangt an am Bau. An e puer Joer sinn dann all Gemengen zu Lëtzebuerg mat "am Boot". Fir de Staat an d'Gemengen ass de finanziellen Impakt zimlech grouss. Am Bau kascht eng Plaz minimal 20.000 EURO. Eng Betreiungsstonn pro Kand kascht minimal 7-8 EURO. Trotzdeem, et ass een Invest, dee sech rentéiert!

Bauen a Plaze schafen ass eng Saach. D'Qualitéit ass eng aner. Si hänkt vu villem of: genug a kompetent ausgebilten Mataarbecdhter, gutt Betreiungskonzepter, Weiderbildung a Supervisioun, Mataarbecht vu Schoul a Famill, déi richteg Infrastrukturen an Equipementer...

All dëst sinn d'Themaen am Handbuch, wat d'lescht Woch bei der Edition Le Phare publizéiert gouff. Responsabel fir d'Buch sinn de Familjeministère, d'Uni vu lëtzebuerg, de SYVICOL an d'Entente des Foyers de Jour. 90 Autueren hu matgeschafft: Proffen vun der Uni., Responsabel vu MRE, Architekten a Pädagogen, Dokteren a Sozialaarbechter. Ënner hinnen de Manuel Achten, d'Christel Baltes-Löhr, d'Coryse Blaise, de Marc Crochet, den Dieter Ferring, d'Anouk Franck, de Jean-Paul Jerolim, den Yves Kirps, d'Gaby Liefgen-Schank, de Sandy Marth, d'Nadine Nosbusch, den Yves Oestreicher, de Serge Olmo, de Gilbert Pregno, den Aloyse Ramponi, den Alex Reuter an d'Laura Zuccoli.

D'Buch huet bal 400 Säiten an ass mat ville Fotoen illustréiert. An enger DVD, déi am Buch läit, kommen d'Kanner aus de MRE zu Wuert. Et kann een d'Buch an all Bichergeschäft kréien. Präis: 28 EURO.

Schous, de 6. Abrëll 2009.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire