lundi 27 avril 2009

Zoé

Zoé heescht Liewen. Et ass de Numm vun engem neie Foyer um Kréintgeshaff bei Contern, deen haut offiziell opgaangen ass. An deem Foyer ass Plaz fir jugendlech Mammen ënner 18 Joer mat hire Kanner. Déi jonk Fraen, déi hei opgeholl ginn, brauchen zweemol Hëllef.

Fer d'éischt fir sech selwer. Si kënnen aus ënnerschiddleche Grënn net an hirer Famill mat hiren Elteren liewen. Si gehéieren selwer zu deenen iwwer 900 Kanner a Jonker, déi "placéiert" sinn, déi an engem Foyer oder an enger Pfleegefamill wunnen. Vill vun hinnen si mat e sëlleche Probleemer konfrontéiert: hir Gesondheet, Konflikter an der Famill, e negatiivt Selbstweertgefill, Schwieregkeeten an der Schoul, Erfahrung mat Gewalt, Konsum vun Drogen. De neie Foyer, deen d'Lëtzebuerger Rout Kräiz geréiert, ass gefuerdert, fir senge Pensionnairen eng Zäit laang en Doheem ze ginn, fir si psychesch ze stäipen, fir si op d'Erwuessenewelt virzebereeden a fir si als autonom Biergerinnen an d'Gesellschaft z'integréieren. Dat ass am iwwregen och d'Missioun vun all aner Kanner- a Jugendheim.

D'Kand, wat déi betraffen jonk Mammen erwaarden a wat si aus ganz ënnerschiddlechen Uursaachen net ofdreiwe wëllen oder kënnen (wollten oder konnten), arrangéiert déi eege Probleemer net. Ganz am Géigendeel! Och wann déi jonk Fraen heinsto heemlech eppes anescht gewënscht a gedreemt hunn. Mä sou Dreem erweise sech séier als traureg Illusiounen. Aus der Sozialaarbecht eraus wësse mer, dass mannerjähreg Mammen, déi souwéisou schons mat soziale Probleemer konfrontéiert sinn, dacks genug eleng do stinn, vum Ëmfeld (eege Famill, Frënd, Famill vum Frënd) ënner Drock gesat ginn, séier selwer kee Choix hunn. An deem Context hu si wéineg Chancen, fir "gutt" Mammen ze sinn. Ganz dacks si si séier total iwwerfuerdert. Dat ass negativ fir si selwer. Et ass inakzeptabel fir de Puppelchen. Op deem Wee entstinn schlëmm Däiwelskreesser an Aarmutsspiralen.

De Foyer Zoé huet déi nobel Aufgab, fir jonke Mammen ze hëllefen, gutt Mammen ze sinn a gläichzäiteg fir sech selwer positiv Zukunftsperspektiven opzebauen.

De Foyer huet eng motivéiert Equipe vu kompetente Mataarbechterinnen a Mataarbechter. An de leschte Méint gouff en Aarbechtskonzept ausgeschafft, deen dem ambitiéise Projet dee néidege berufleche Kader gëtt. D'Rout Kräiz huet sech doriwwer raus Partner gesicht, déi bereet sinn, fir eng Hand mat unzepaken. Dat ass virun allem d'Initiativ Liewensufank. Dat sinn awer och Therapeuten aus aneren Servicer wéi de Fsamiljencenter CPF oder de Centre socio-éducatif de l'Etat. Dass de Familjeministère sech moralesch a finanziell matengagéiert, ass selbstverständlech. Flott ass den Appui vun der Gemeng Contern. Sympathesch ass d'Hëllef vu private Sponsoren. Exemplaresch ass awer och déi positiv Astellung vu Noperen, déi Jo soen zum Projet an domatten e Bausteen ginn vu sengem Erfolleg

Zoé: eng nei Plaz an eng nei Equipe, fir dass Liewen eng Chance huet! De Foyer um Kréintgeshaff huet säi Numm verdéngt.

Schous, de 27. Abrëll 2009.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire