mardi 19 janvier 2010

Eis Kanner op Haiti

Haiti nom Äerdbiewen: Zéngdausende vun Doudegen a Vermëssten. Zéngdausende vu Verletzten. Keen zielt déi Leit - ënner hinnen Aler, Kanner a Behënnerter - ouni Daach iwwer dem Kapp. Aarmer, déi dat Wéinegt, wat se haten, lo och nach verluer hunn. Eng schrecklech Katastroph direkt am Ufank vum neie Joerzéngt!

All dat beréiert eis hei zu Lëtzebuerg, déi meescht vun eis awer wuel méi am Kapp wéi am Häerz oder am Bauch. Haiti ass wäit weg. Déi allerwéinegst vun eis ware schons do. Mir hunn do keng Famill, Frënn, Bekannten oder Aarbechtskolleegen.

Zanter e puer Deeg awer steet eng nei Gegeebenheet am Fokus vun der Aktualitéit bei eis heiheem. Familje vu Lëtzebuerg baangen ëm Kanner vun Haiti, fir déi d'Adoptiounsprozeduren scho bal ofgeschloss sinn. Kanner, op déi si zanter laange Joren hoffen. Kanner, déi si op Haiti kenne geléiert a schons u sech gedréckt hunn.. Kanner, déi si si am Kapp, am Häerz an am Bauch schons adoptéiert hunn - och wann d'Pabeieren nach net all ënnerschriwwe sinn. Lëtzebuerger Familjen hir Kanner, eis Kanner op Haiti?!

Pabeierkrom deerf jo eigentlech keng Roll spillen, wann et ëm d'Liewen vu Buzze geet. Kanner, fir déi hir Adoptivelteren zu Lëtzebuerg alles bereet sinn ze maachen. Wat leeft schif? Bürokratismus a senger schlëmmster Form?

Iwwer Joerzéngten gouffen iwwer all Grenzen eraus Adoptiounen ënner méi wéi koppegen an mënschenonwiirdege Conditioune gemaach. Jo, deelweis gouffe Kanner an den aarme Länner "verkaf" a vu Familjen aus räiche Länner "akaaft". Dobäi gouff dacks genug wéineg nom Interessi vun de betraffene Kanner gekuckt. Hir Rechter, Prérogativen an Ambitiounen hu kaum eng Roll gespillt. Idem fir hir natiirlech Elteren.
.
Bei der Adoptioun hu mir haut um internationale Plang e verbindleche Rechtscader. Dee gouff geschaf iwwer d'UNO-Conventioun vun de Kannerrechter an d'Conventioun vun den Haag iwwer d'Adoptioun. All Parteien verpflichten sech zesummen, fir d'Kand a seng Rechter an de Mëttelpunkt ze stellen. Jidder Form vu Kannerhandel & Co gëtt domatten ënnerbonnen. Dat ass e ganz wichtegen Acquis.

Dësen Acquis steet a fällt mat Formen, déi all involvéiert Parteien respektéiere mussen. Deerf een oder, souguer, soll een a Noutsituatiounen doroppen verzichten? Wa jo, mat fir enge méigleche Konsequenzen?

Haut an der Chamber huet déi zoustänneg Familjeministesch sech engagéiert, fir am Cader vun de Gesetzer an den internationalen Ofkommes alles ze maachen, fir eis Kanner op Haiti méiglechst séier an onbürokratesch op Lëtzebuerg ze kréien. Si kann dobäi mat der Hëllef vun eisen hollänneschen a belsche Frënn rechnen. An deem Débat hat ech dat ongutt Gefill, dass verschidden Deptéiert sech net ze schued sinn, fir an dësem sensiblen Dossier hir politesch Zëppchen ze kachen. Grujheleg!!!

Et bleiwt allerdengs eng aner Fro. Wie sinn eis Kanner op Haiti? Sinn dat just déi puer, déi vu Lëtzebuerger Familjen adoptéiert ginn? Ech hoffen, eis Frëndschaft, eis Solidaritéit an eis Generositéit sinn e bësse méi grouss, méi staark, méi räich. Zéngdausende vu Kanner op Haiti waarden drop, dass mir am räichen Deel vun der Welt si e Stéck wäit "adoptéieren". Si sinn ugewisen op eis alleguer: mir als Eenzelpersounen, mir als Familjen, mir an eise Gemeinschaften, eise Paren, eise Veräiner...

Et wär schéin, wa mir hei zu Lëtzebuerg vill Kanner op Haiti als eis Kanner géiffe gesinn.

Schous, de 19. Januar 2010.

Mill Majerus

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire