dimanche 10 janvier 2010

Merci de FB-Frënn!

Merci alle Frënn fir hir gutt Wënsch um Facebook.

Beim Wënschen dëst Joer hunn ech mäin übleche Sproch gesot: "E frout Joer an eng gutt Gesondheet!" Eng léif Kolleegin huet mer dunn traureg geäntfert: "Mäi Mann krut gëscht gesot, dass hie Kriibs huet!" Ech hu mäi Sproch dunn eidel fond. Un der Krankheet vu mengem Frënd änneren all gutt Wënsch näischt.

Wann déi schéin Traditioun vum Wënschen iwwer d'gesellschaftlech Formalitéit erausgeet, wat kënne mir eis wënschen? Wéi eng Gléckwënsch maache Sënn?

D'Gléck ass sécher näischt Magesches, wat eng gutt Fee engem einfach sou an de Schouss leet. Un eisem Gléck musse mer matschaffen. Beim Thema Gesondheet, muss ech mer mer mäi Gléck - e Stéck wäit - mat verdéngen. Also misst ech mäi Gesondheetswonsch ergänzen:
Dass mer Mooss halen!
Dass mer op eis opppassen!
Dass mer eis Rou gënnen!
Dass mer eise Kierper net vergiessen!
A wann ech dat eescht mengen, da muss ech bei mir ufänken. Gutt Wënsch hunn also och eppes ze dinn mat gudde Virsätz. Deer Virsätz, déi iwwer den 2. Januar eraus zielen.

Uechter e Joer si vill Leit mat vill Misère konfrontéiert. Wat heescht da Gléck?
Frënn hunn, déi ee net vergiessen.
Op d'Hëllef vu kompetenter Säit ziele kënnen.
Seng Kräfte mobiliséieren a net opginn.

Och hei si mir gefuerdert beim Gléck, wat mer wënschen. Net nëmmen, wa mer selwer Suergen hunn. Anerer weerten eis brauchen: eise Respekt, eis Zäit, eist Nolauschteren, eisen Trouscht, eis Hëllef. Et sinn eis "Näechst": an der Famill, op der Aarbecht, an der Noperschaft. Schéin, wa mir op déi ziele kënnen, déi eis Gléck wënschen! Schéin, wa mir zu deene gehéieren, déi et mat hire Gléckwënschen eescht mengen!

Am Evangelium vun haut steet e Saz, dee mech beréiert huet: "Den Himmel geet op!" Wa mir Mënschen spiren an erliewen, dass den Himmel opgeet, da sprenge mir eis Grenzen, da gi mir op fir nei Horizonter. Da gleewe mir, dass mir d'Welt e Stéck wäit verbessere kënnen. Am Sënn vu méi Gerechtegkeet a Bridderlechkeet. Da bleiwt zwar e sëlleche Misère, Leed a Nout. Mä mir Mënschen zerbriechen manner un de Laaschten, déi mer droe mussen.

Mäi Frënd Jérôme huet fir dee Wonsch vum oppenen Himmel ganz warem a faarweg Biller font: "Ech wënschen, dass d'Stären op dengem Wee liichten an dass de Reebou iwwer dengem Liewe steet!"

Besser kann ech et net soen. Dofir, léif Frënn:
"Dass d'Stären op ärem Wee liichten an de Reebou iwwer ärem Liewe steet!"

Schous, den 10. Januar 2010.

Mill Majerus

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire