dimanche 31 janvier 2010

Eis national Identitéit!

Dat war ë.a. en Thema an der Chamber viru 14 Deeg, wéi mer iwwer de Festungsmusée debattéiert hunn. Bei deer Geleeënheet huet den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser eng Ried gehal, déi mech erschreckt huet. Ech ginn dervun aus, dass de Kolleeg Kartheiser dobäi net polemiséiert huet, mä dat gesot huet, wat hien a seng Partei bei deem Thema fir richteg halen. Jidderee kann déi Ried am Chamberbericht noliesen. Et ass der Méi wäert.

Ech wëll selwer hei op dëser Plaz e puer Gedanken zum Thema vun eiser nationaler Identitéit lassginn.

Et gëtt eng Rei Wuerzelen, op déi mir net verzichte wëllen a kënnen. Si leien an eiser Geschicht: d'Geschicht vun eisem Land, d'Geschicht vun de Familjen, aus deene mir stamen, d'Geschicht vun den Dierfer an de Géigenden, an deene mir opgewuess sinn. Beim Thema Identitéit sammele mir dobäi vill faarweg Puzzle-Stécker, op déi mer houfreg sinn: de Stellewäert vun eiser Lëtzebuerger Sprooch, den Zivilcourage vun e sëlleche Lëtzebuerger am 2. Weltkrig, d'Aarbecht vun de Baueren a Wënzer, d'Traditioun vum Handwiirk, den haarden Asaz an de Grouwen a niewt den Héichiewen... Jidderee vun eis kann dës Lëscht ergänzen aus der eegener Sensibilitéit eraus: eise Kachkéis, eis Konscht a Litteratur, eis vill flott Stad- an Duerfveräiner, eis iwwer 100.00 Bénévole uechter d'Land, eise Charly Gaul, d'Famille Grand-Ducale, eis reliéis Gebräich a.v.a.m.

Wat mer méi opzielen, wat eppes méi kloer gëtt: eis Identitéit huet schons reng historesch e sëllechen ënnerschiddlech Facetten, Traditiounen, Wäerter, Dialekter, Gebräich an Iwwerzeegungen. A genee dat ass de Räichtum vun deem, wat mer sinn, wat mer liewen, wat mer hoffen a gleewen.

An deer Identitéit leien net nëmmen schéi Säiten. Eis Geschicht kennt och Säiten vu Verrot, vu Feigheet, vu Bequeemlechkeet, vu Klenghäerzegkeet... Mir waren an dësem Land meeschtens keng grouss Helden. Dacks ware mir an der Roll vun den "Affer", déi ënnerdréckt gouffen, déi gekuscht hunn, déi d'Fauscht an der Täsch gemaach hunn. Och dat si mir. Gëschter a sécher a munneche Beräicher och haut.

Wa mer iwwer eis Identitéit am 3. Joerdausend nodenken, déi Situatioun an deer mir hei zu Lëtzebuerg haut liewen, da kommen ganz nei Voletën derbäi. Sou sinn d'Halschecht vun de Kanner, déi hei gebuer ginn, keng Lëtzebuerger. Mä och si si Lëtzebuerg, sinn Deel vun eiser Identitéit. Mir sinn (nach) eng wichteg Bankplaz. Mir sinn e klengen Deel vun enger ëmmer méi grousser europäescher Unioun (an deer mir net nëmme Frënn hunn). Eisen Alldag gëtt ëmmer méi staark gepräegt duerch elektronesch Medien. Eis Wirtschaft gëtt staark vu bausse gesteiert... All dat mécht eis haut. Dat a villes méi.

Eis Identitéit entwéckelt sech, an et ass sécher richteg, dass mir d'Wuert Identitéit am Pluriel gebrauchen. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg, mir déi mer hei wunnen, schaffen, hoffen a gleewen, vill ënnerschiddlech Identitéiten. A genee dat ass och eng Gemeinsamkeet, déi mer deelen. E räicht Potential. D'Viraussetzung ass, dass mer matenaner dialogéieren, austauschen, zesumme schaffen, zesumme wuessen. All Fundamentalismus, all Nationalismus, all Rigiditéit a Vermengtheet zerstéiert déi Chancen, déi mer hei zu Lëtzebuerg hunn.

Wa mer eis Pluralitéit - déi mer nach ëmmer haten - gesinn, se begréissen, se respektéieren, se nozzen, se investéieren, da baue mer e staarkt Lëtzebuerg am Häerz vum europäeschen Haus. Et rentéiert sech. Fir eis a fir eis Kanner.

Ech freeë mech, dass am Cader vum Festungsmusée eng Plaz entsteet, wou iwwer eis Identitéit-en geschafft a nogeduecht gëtt. Ech freeë mech, dass beim Inhalt dovun d'Wëssenschaft (eis Uni) a net d'Politik dat lescht Wuert huet. Domatten bleiwe mer dann dat, wat mer am iwwregen all staark schätzen: fräi an demokratesch.

Schous, den 31. Januar 2010.

Mill Majerus

3 commentaires:

  1. Herr Majerus, ich kann Ihren Artikel nur begrüßen und bin ebenfalls der Meinung, dass die luxemburgische (sowie auch Deutsche) Multikultur nur von Vorteil sein kann.

    RépondreSupprimer
  2. Duerch joorhonnetelaangen ongewollten "Zwangstourismus" si mir "d'office" multi-kulti. Vun all "Besuch" ass eppes hänke bliwen, op ët Leit woren,Wieder vun deenen hirer Sprooch, oder Béides. Schued, datt vill vun eiser richteger Sprooch verluer geet, - well se nët respektéiert gët, wi se dat sollt ginn ! Se verdäitscht ëmmer méi ! Perséinlech huet ët mir z.Bsp. wéi gedo'n, wi de Familjeministär gehollef huet, d'"Heinzelmännchen" an d'Welt ze setzen, - grad wi wann ët keng Wiichtelcher gi wiren.
    Am Grousse Ganzen awer hutt Dir Recht.

    RépondreSupprimer
  3. mäin Numm ass Zara, ass op en Zeegnes gestouss wéi hien all Woch 5000 € gemaach huet just mat engem Kapital vun 1.500 €, well ech verzweifelt no engem Online Investitiounsplang gesicht hunn deen ech meng Léin investéiere kann, ech kontaktéieren d'Firma, MIDAS GOLD SUEN an si féiere mech, elo krut ech mäi Gewënn vun € 8000 mat engem Kapital vun 2000 € just an 10 Schaffdeeg, kontaktéiert se op E-Mail, MIDASGOLDMONEY@GMAIL.COM

    RépondreSupprimer