samedi 6 février 2010

Eis Kanner op Haiti (2)

Den Inselstaat Haiti ass rëm raus aus der Aktualitéit. Mä de Misère op der Plaz, deen ass bliwwen. An dat ganzt Ausmooss gëtt réischt lo faassbar. Et ass dramatesch, well eemol méi déi Äermst am schlëmmsten dru sinn. An dat alles an engem Land, wat souwéisou schlecht opgestalt ass.

D'Unicef a vill aner humanitär Organisatiounen beméien sech, fir eis ze sensibiliséieren. Mat hiren Hëllefsactiounen bleiwe si ugewisen op d'Ënnerstëtzung vun de Staaten , mä och op d'Generositéit vun all eenzelnem.

Dacks héiert een den Awand, dat Geld, wat ee spende géiff, kéim net un. Just och op Haiti gëtt e vill Korruptioun. Kleng a grouss Organisatiounen, déi op der Plaz schaffen, kennen déi Probleemer a maachen hiirt Bescht, fir dass d'Gelder op deer richteger Plaz ukommen. Et rentéiert sech, fir sech virdrun genee z'informéieren. Eis Lëtzebuerger ONGën bidden eis op deem Plang vill Garantieën. Dacks reesen déi bénévole a professionnell Administrateuren vun deenen Organisatiounen an d'Länner, déi si ënnerstëtzen, fir mat derfir ze suergen, dass alles säi gudde Wee geet. Dat ass och eng wichteg Aarbecht vum zoustännege Ministère de la Coopération.

Mir hunn hei zu Lëtzebuerg mat deene Familjen gebaangt, déi am gaang waren, fir Kanner vun Haiti z'adoptéieren. Mir hunn eis all mat gefreet, wéi eis kleng nei Biirger gesond bei eis ukomm waren. Ech hunn deemools op dëser Plaz gefrot, dass mer déi vill aner Kanner op Haiti net géiffe vergiessen. An enger globaler Welt, an deer d'Mënschen iwwer all hir Differenzen weg ëmmer méi no zesumme wuessen, sinn och si "eis" Kanner.

Ech hu mech gefreet, wéi ech haut an der Presse gelies hunn, dass d'Adoptivfamiljen hir Frënn a Bekannten invitéieren, ob déi üblech Cadeauën ze verzichten an amplaz en Don ze maachen fir d'Kanner op Haiti.

Chapeau! De Ball läit bei jidderengem vun eis.

Schous, de 6. Februar 2010.

Mill Majerus

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire