lundi 15 février 2010

Unerkennung vum Bénévolat

Dat ass eng Fuerderung, déi een zu Lëtzebuerg an de leschte Méint ëmmer méi dacks héiert. Am Sportberäich, mä och bei de Pompjeeën an am Rettungswiesen insgesamt.

Vill vun de Lëtzebuerger Federatiounsfonctionnairen (si selwer si meeschtens keng Bénévole) behaapten op Kongresser a viru Journalisten, et géiff bei eis ëmmer manner "Bénévolat". Ce qu'il faudrait démontrer! Laut wësseneschaftlech ënnermauerten Enquêten ass ëmmerhin ee Birger/eng Biirgerin vu 4 bénévole engagéiert, investéiert all Woch am Duerchschnëtt ëm 4 Stonnen gratis am Déngscht vun der Allgemengheet.

Dass mer Probleemer hunn, dat läit op der Hand. Dat ass fir eis all am däitlechsten an och am probleemateschsten an eisem Rettungswiesen (Feierbekämpfung, Ambulanzdéngscht, 1. Hëllef, Sécherheet doheem an op der Strooss, Katastrophenalarm...). An deenen allermeeschten Gemenge vum Land läit dësen ëmmer méi opwändegen a komplexen Service quasi total an den Hänn vu Bénévolen. Hire "Streik" wär eng Katastroph mat schlëmmste Konsequenzen fir d'Sécherheet an d'Liewewn vun de Biirger.

Mat 60 Joer ginn d'Leit aus dem Rettungswiesen am Beräich vu ville méiglechen Asätz an d' "Pensioun" geschéckt. Hir "aktiv" Kolleegen (ënner 60) awer ginn an der Woch ausserhalb vun hirer Uertschaft schaffen. Am Kanton Miersch z.Bsp. sinn iwwer 60% vun der Interventiounen den Dag iwwer - an engem Zäitraum wou knaps 25% vun de Bénévolen zur Verfügung stinn.

Doriwwer raus ass den Asaz vun all Eenzelnen am Laf vun de Joren gewalteg an d'Luucht gaang. Dat gëlt besonnesch fir déi Fraen a Männer, déi Cheffunktiounen iwwerhuelen oder op der Ambulanz fueren. Et gëtt queesch duerch eist Land Leit, déi sech 20 a méi Stonnen all Woch aktiv als Bénévole engagéieren. Engagéiere mussen, well et soss net méi geet!

Dee Probleem ass méi wéi eescht. Et geet dobäi net ëm den Hobby vun e puer "Verrécktener". Den Enjeu ass e wichtegen Volet vun der Sécherheet an eisem Land. Hei ass eng séier Léisung néideg. Et ass e gesellschaftleche Probleem, an d'Politik - am wäiteste Sënn vum Wuert - ass gefuerdert.

Eng vun de Léisungen, déi am Rettungswiesen an och an de Sportfederatiounen gefuerdert gëtt, ass eng "besser Unerkennung" vum Bénévolat. Wat heescht "unerkennen"? Et ass virun allem kloer, wat déi Responsabel dorënner net verstinn. "Keng Sondesrieden vu Politiker!", sou soen se bei de Pompjeeën. Keng Foire du Bénévolat!. "Veraarsche kënne mir eis selwer¨", sou huet de Präsident vun der FLF dës Initiative aus de leschte Joren kommentéiert. (Am iwwregen weess ech net, ob hie jee selwer bei enger derbäi war!).

Heescht "unerkennen", dass Bénévoler aus verschiddene Beräicher just nach matmaachen, wa se eng "Indemnitéit" dofir kréien. Eng Aart "kleng" Pai? Sou wéi d'Studenten, déi bei Vakanzservicer als Monitrice oder Moniteur matmaachen? Ech ginn d'Gefill net lass, dass verschidde Responsabel - si nenne sech "Sage" - genee dat mengen. Wa kee Geld, dann awer: Steiererliichterungen (Vive déi Arem, déi souwéisou keng oder wéineg Steiere bezuelen), Détachement duerch de Patron (vill Entreprisen weerten dann op bénévole Pompjeeën gär "verzichten "), Congé spécial (am Endeffekt dat selwecht wéi en Détachement), méi Pensiounsrechter...

Wat wëlle mer fir de Bénévolat? Fer d'éischt mol: Watass Bénévolat? Bénévole ass e Mënsch, deen e Stéck Aarbecht am Interessi vun der Allgemengheet leescht an deen dofir net bezuelt gëtt: keng Pai, keng Indemnitéit, keen Détachement, keng steierlech Virdeeler, keng Pensiounsrechter... Dat gesot, sinn nech d'accord, dass de Bénévole iwwer säin Engagement (d'Zäit, déi hie schenkt) keng Käschten kann operluegt kréien: Formatioun, Supervisioun, Assurance, Transport, Equipementer asw. Iwwregens: a ville Beräicher mussen a wëlle bénévole Mataarbechter och dat mat grousser Selbstverständlechkeet maachen.

D'Fro ass a ville Beräicher eigentlech net déi vun enger finanzieller Entschiedegung vun de Bénévole. Mä de Bénévolat gëtt do iwwer all zoumutbar Grenzen eraus strapazéiert. Et ginn Engagementer erwaart, déi an der Rumm vum Bénévolat net méi ze leeschte sinn. Dat gëlt fir d'Zäitdauer, fir d'Kompetenz, déi erfuerdert ass oder och fir de Risiko, deen een ageet.

Dat, wat net am Bénévolat deerf gefuerdert ginn a wat eng Gesellschaft fir hiirt Liewe brauch, muss vu Permanentën geleescht ginn - vu Leit, déi dofir no feste Critèren agestallt a bezuelt ginn. Dobäi ass et selbstverständlech, dass Salariéën a Bénévoler niewt- a matenee schaffen. An et ass duerchaus net sou, dass déi eng ëmmer méi "professionnell" wären, wéi déi aner. Ob dat méiglech ass? Jo, vill Secteuren beweisen dat zanter Joren. Z.Bsp. den SOS-Détresse, de Kanner-Jugend-Telefon, d'Stierwbegleedung bei OMEGA 90, eis Scouts- a Guideverbänn, de "Contact Humain" an Alters- a Pfleegeheimer...

Iwwregens kann dee selwechte Mataarbechter duerchaus mat deenen 2 Statuten engagéiert sinn. Duerch säi Bénévolat a seng vill Formatioun huet hie sech qualifzéiert, fir stonneweis als Responsabel, Formateur oder "Supervisor" bezuelt ze ginn. Net mat enger "klenger" Pai, mä richteg, wéi all aneren Employé och, mat deene selwechten Rechter a Pflichten.

Wa schons Détachementer oder Congé spécial, dann och fir präzis Missiounen: déi eege Formation (soss ginn dofir all "fräi" Weekender drop), fir selwer Formatiounen ze halen, fir d'Federatioun no baussen ze vertrieden, fir bestëmmt opwändeg Chargen z'erleedegen (z.B. Materialverwaltung).

D'Fro vun der "Unerkennung" ass legitim. Et muss och séier eng gutt Léisung font ginn. Dobäi muss een awer gutt oppassen, dass een, fir de Bénévolat z'erhalen, net a Wiirlechkeet déi Bénévole demotivéiert (den FLF-Präsident géiff dat Wuert "veraarschen" gebrauchen). Ech denken dobäi z.Bsp. un déi Leit, déi bei eis als Bénévole a mat ganz héiger Kompetenz Stierwbegleedung leeschten.

Ech hu well vill geschriwwen, awer keng feerdeg Léisung font. All déi weis Leit (les "sages" de tous bords) sinn invitéiert, fir weider matzedenken, mat ze proposéieren, mat ëmzesetzen.

Vläit zum Schluss dach awer e Wuert aus der "Sondesried":
Merci all deenen, déi iwwerall doruechter matupaken, ouni vill doriwwer ze schwezzen!
Ouni si leeft keng!

Lëtzebuerg, de 15. Februar 2010.

Mill Majerus

1 commentaire: