dimanche 14 mars 2010

Merci, Här Generalvikar!

De Generalvikar Mathias Schiltz huet virun e puer Deeg den Thema vum sexuelle Mëssbrauch am Kader vun der Kiirch ugeschwat. An zwar op der Antenne vum RTL an e Samschteg och am Wort Interview.

Lëtzebuerg ass keng Insel. An dat selwecht gëlt fir d'Lëtzebuerger Kiirch. Den Här Schiltz huet gesot, dass hien an sengen iwwer 40 Déngschtjoren mat ongeféier 10 Täter aus kiirchleche Kreesser konfrontéiert war. Hien huet matgedeelt, dass d'Kiirch eng multidisziplinär Equipe asetzt, déi den Affer, déi dat wënschen, hir Déngschter ubitt.

D'Wourecht gëtt net besser doduerch, dass een se ignoréiert, dass een se verstoppt, dass een se leegent. Sou "Taktiken" gi just zu Laaschten vun den Affer, déi eng zweete Kéier abuséiert ginn.

De sexuelle Mëssbrauch hannerléist dacks séilesch Blessuren, déi nëmme schwéier heelen. Eng betraffe Fra huet gesot: "Souguer wann den Täter bestrooft gëtt, da kritt hien e puer Joer. Ech fir mäin Deel hu liewenslänglech!" An aller Reegel probéiert den Täter alles, fir dem Affer de Mond ze verbidden. Hie schmeechelt, hien erpresst, hien dreet. Et ass dat d''Gesetz vun der Omerta, mat deer den Täter dem Affer souguer d'Schold u sengem Verbriechen zouschoustert.

Wann d'Kiirch Geeschtlech oder Laienmataarbechter, déi sech u Kanner vergräiffen, schoune géiff, wa si schaffe géiff, fir sou Skandaker an den eegene Reien ze vertuschen, da géiff si sech op de Niveau vun enger mafiöser Band setzen. Sou eng Kiirch géiff hiirt Gesiicht verléieren, géiff all Crédibilitéit verspillen.

Et ass net méi wéi richteg, dass d'Kiirch kompetent Hëllef ubitt respektiv vermëttelt. Et ass néideg, dass d'Kiirch sech bei deenen entschëllegt, déi als Kanner oder Jonker gepéngegt gouffen. Et ass och ubruecht, dass d'Kiirch alles mécht, wat se kann, fir sexuell Gewalt in hire Reihen ze verhënneren. D'Fro vum obligatoreschen Zölibat vun de Paschtéier steet zur Debatt. Dorunner gekoppelt ass awer och d'Einsamkeet an d'Iwwerfuerderung vu ville Geeschtlechen.

Sexuell Gewalt gëtt et net nëmmen an der Kiirch. Dat ass awer fir d'Kiirch keng Entschëllegung. Et beweist, dass mir Mënschen Grenzen hunn, dass mer dacks genug eisen héijen Ambitiounen net gerecht ginn. Dat gëlt fir all Fraen a Männer, déi mat Mënschen am Alldag schaffen. Et gëlt besonnesch fir all déi, deene Kanner a Jonker uvertraut ginn. Et invitéiert eis, fir bescheiden ze sinn. Et verlaangt, dass mer eis fir eis beruflech a bénévole Engagementer e feste Kader ginn. Sou ee Kader ass zum Beispill en Team, an deem mer transparent a kollegial zesumme schaffen, wou mer een deen anere stäipen, wou mer mat grousser Gentillesse och een deem aneren hëllefen, fir net ze falen.

Schous, de 14. Mäerz 2010.

Mill Majerus

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire