lundi 19 octobre 2009

Spueren op engem 17. Oktober ?

De 17. Oktober - dëst Joer war dat de leschte Samschteg - ass weltwäit den Dag géint d'Aarmut. Obschons dat fir e räicht Land paradoxal schéngt, gëtt et Aarmut och bei eis.

D'lescht Woch huet de STATEC Zuele virgestalt, déi d'Situatioun 2008 zu Lëtzebuerg beschreiwen. Dobäi geet Rieds vum "Aarmutsrisiko". Dat ass e Critère, ob dee sech international festgeluegt gouff, fir d'Aarmut an Zuelen z'erfaassen. Als relativ arem gëlle Leit, deenen hire Revenu méi kleng ass wéi 60 % vum mëttleren Akommes am Land.

Hei zu Lëtzebuerg liewen deemno iwwer 13 % vun de Biirger am Aarmutsriko. Dobäi gëtt et grouss Ënnerscheeder, je no deem, vu wiem mer schwezzen:
- D'Net-Lëtzebuerger sinn zu iwwer 20 % betraff.
- 17 % vun de Stéit mat Kanner si relativ arem.
- Bei op mannst 3 Kanner klëmmt den Aarmutsrisiko op 25 %.
- Bei Alleinerzieher ass et en erschreckende Prozentsaz vu 44.

Ouni d'sozial Leeschtungen wären romm 40 % vun alle Biirger betraff.

An d'Zäiten, wou et eis finanziell gutt geet, si mir gär bereet, fir ze deelen. D'Solidaritéit deet net weider wéi. Am Ablack ass Krisis. Dem Finanzminister säi Budget fir d'näechst Joer ass alarmant. D'Recetten sinn iwwer 2 Milliarden méi héich wéi déi geplangten Recetten. Mir mussen am Laf vum Joer 1,5 Miliarden Euro léine goen. Dat sinn 3.000 Euro op de Kapp.

Mir kënnen eis dat - wann iwwerhaapt - just ee Joer leeschten. Et sief dann, mir wëllen eise Kanner a Kanskanner eng Schold hannerloossen, déi hir Perspektiven nohalteg pervertéiert. Mir mussen - als Staat a Gemengen - spéitestens vun 2011 un drastesch spueren. Dat heescht net nëmmen, dass mer eis keng nei finanziell Chargen oplueden. Mir mussen eis Ausgaben ferrem zréckschrauwen.

Et besteet de Risiko, dass mer mam Spueren do ufänken, wou et de Betraffenen schrecklech wéi deet: déi "Arem" vun heiheem a vun dobaussen (cf. Entwécklungshëllef).

Gemeinschaften, déi dat maachen, bedreiwen eng geféierlech Scheiklappepolitik. Si si schold un engem gesellschaftleche Klima vu Keelt, vun Entfriemung, vun Ofkapselung, Näid an Haass. Si si mat verantwortlech dofir, dass Aarmutspiralen entstinn; de Krees vun deenen, déi sozial ausgeschloss ginn an déi aus dem System vu sech aus rausklammen, déi demissionnéieren, net méi aktiv matschaffen, gëtt méi grouss. Sou Gemeinschaften si leschtlech fir kee méi attraktiv.

D'Solidaritéit ass net nëmmen en Akt vu selbstloser Generositéit. Si ass en noutwéidegen Investissement fir mar. Si dréit derzou bäi, dass d'Gemeinschaft vu mar a vun iwwermar méiglechst fit a liewenswäert bleiwt.

Mir mussen also op anere Plazen spueren, Plazen, wou et eis, der "Mëttelschicht", e Stéck wäit wéi deet: Steieren um Kannergeld, Kiirzen vun den héiche Renten a Pensiounen, Ënnerbannen vun Abusën am Gesondheetssystem, Aschränkungen bei de finanzielle Wunnengsbauhëllefen?

Vläit stinn an de näechste Méint a Joren d'Gewerkschaftsvertrieder méi dacks bei der Chamber, fir Ambitiounen a Privilegiën ze verteidegen. Vläit gëtt am Beräich vum Sozialdialog d'Ambiance méi rau. Deputéierten, déi hir Responsabilitéit eescht huelen, mussen dat aushalen. Souguer wa Géigner da mengen, si missen op d'Schëpp ze huelen a lächerlech ze maachen. Gewerkschaftler, déi sech fir Solidaritéit engagéieren, sollten do am meeschte kämpfen, wou d'Uleies vun deenen Äermsten aus eiser Mëtt vergiess ginn.

An deem Sënn brauche mer sou Deeg wéi de 17. Oktober.

Schous, de 19. Oktober 2009.

Mill Majerus

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire