vendredi 2 octobre 2009

Fir de Luca

Haut op den Dag virun 3 Joer ass zu Steesel an der Maison Relais de klenge Luca gestuerwen. E Schaf, deen als Raumteiler do stung, ass beim Spillen ëmgefall. An dobäi gouff de Jong déidlech blesséiert. E léiwe klenge Männchen, dee jidderee gär hat! "Firwat just hien? Hie war dee léiwste vun eis all!" Sou hu si kleng Frënn deen Dag drop gesot. De Luca war dat eenzegt Kand vun der Famill. Seng Mamm, säi Papp a seng Grousselteren waren a sinn ontréischtlech.

Den Dout vun engem Kand an enger Betreiungsstruktur ass kee "fait divers". Net fir seng Famill, net fir d'Erzéierinnen an d'Erzéier an och net fir déi politesch Responsabel.

Wéi konnt et dozou kommen? Gëtt et Instanzen oder Leit, déi Schold hunn an dofir musse riicht stoen. An engem Rechtsstaat decidéiert heiriwwer dat zoustännegt Geriicht. Dat no laangen Enquêten, déi dacks - wéi am Fall vu Steesel - Joren Zäit brauchen.

Vill Leit haten de Schaf do gesinn, wou e stung, an haten sech dobäi näischt geduecht. Jo, et war e grousse schwéiere Schaf. A virum 2. Oktober 2006 war keen op d'Iddi komm, dass dee Miwwel enges Daags e Kand kënnt erschloen. A mol ganz éierlech: Wivill deer Miwwelstécker stongen (a stinn nach ëmmer) a Schoulklassen, Foyerën, Internater, Veräinssäll a soss doruechter, wou Kanner oder Jonker spillen a rolzen? Dat ouni, dass ee se gesäit an/oder eppes dozou seet!

Wann d'Geriicht iirgendwann dësen oder deen fir "schëlleg" erkläert an domatten implizit anerer "fräi schwezt", hu mer dann eng "gerecht" Äntfert op d'Fro no der Verantwortung fir deem klenge Luca säi Liewen?

D'Fro a meng Skepsis heesche sécher net, dass d'Police an d'Geriichter fir näischt schaffen. Mä, déi Äntfert, déi si ginn, geet net duer. An der Verantwortung fir d'Sécherheet vun de Kanner stinn der vill: de Staat, deen de Kader setzt, Gemengen an hir Techniker, Trägergesellschaften, Erzéierinnen an Erzéier, Léierpersonal, Elteren, déi hir Kanner an d'Betreiungsstrukturen oder an d'Schoul bréngen. All zesummen brauche mir oppen An, déi méiglech Risiken gesinn. Mir brauche matenaner de fairen Dialog, fir dass mer am Interessi vun de Kanner zesumme schaffen, dat besonnesch och am Beräich vun der Sécherheet. Dat si mer dem Luca schëlleg. Dat si mer all eise Buzzen schëlleg, déi Dag fir Dag dohinner ginn.

D'Sécherheet ass awer net deen eenzege Prinzip, deen an der Erzéiung wichteg ass. Well soss hu mer besser, eis Kanner an eis selwer a Käfeger ze setzen. Do iwwerliewe mer, mä mir erstécken lues a sécher. Kanner mussen deerfe spillen, rolzen, turnen, entdecken, lafe, sprangen, Abenteuer erliewen, sech verstoppen, verréckt sinn, heinsto och net follegen... Dat ass néideg, fir datt si frou wuessen, Selbstvertrauen entwéckelen, un d'Liewe gleewen. An all dat ass a bleiwt gekoppelt u Geforen a Risiken.

Mir wëssen dat als Elteren, als Erzéier (m/f) , als Schoulmeeschteren (m/f), als Animateuren (m/f) vu Kanner- a Jugendveräiner. D'Lektioun vu Steesel deerf net dozou féieren, dass mer "demissionnéieren". Och da wär de Luca fir näischt gestuerwen.

Dës Zeilen si fir de Luca a fir seng Elteren. Si sinn awer och fir d'Erzéierinnen an d'Erzéier aus der Maison Relais vu Steesel. Si si fir déi vill Leit, déi am Fall vu Steesel mat gehollef, mat gelidden a mat getrauert hunn. Si si fir all déi Architekten, Ingénieuren, Gemengenaarbechter, Pädagogen, Beamten an Elteren, déi mat denken, mat plangen a mat schaffen, fir dass eis Kanner frou a sécher an d' Schoul, an d'Maison Relais oder an hire Veräin kënne goen.

Schous, den 2. Oktober 2009.

Mill Majerus

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire