jeudi 17 septembre 2009

BiiPii & Co

8.000 Guiden a Scouten gëtt bei eis am Land. Si sinn affiliéiert an 3 Verbänn: LGS (Lëtzebuerger Guiden a Scouten mat hire 5.000 Memberen), FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) an AGGL (Association des Girl Guides Luxembourgeoises). Déi 3 Verbänn schaffe flott zesummen. An dësen Deeg feieren Guiden a Scouten d'Rentrée mat hiren traditionellen Chefdeeg a Kongresser.

Wann een duerch d'Aarbechtsrapportën vun de Guiden- a Scoutsverbänn bliedert, da gesäit ee séier, dass sie wäertvioll Erzéiungs- a Bildungsaarbecht leeschten:
- Vermëttlung vun elementaren sozialen Dugenden,
- Zesummeliewen am Grupp,
- Respekt virun der Ëmwelt,
- Kreativitéit,
- Solidaritéit,
- Nodenken iwwer de Sënn vum Liewen,
- Orientatioun u Wäerter an Idealer,
- Valoriséierung vun alle Fähegkeeten an Talenter.

Et ass e Grondelement vun der Metoud vum Scoutismus, fir all dat net nëmmen theoretesch ze léieren. D'Guiden an d'Scouten erliewen, experimentéieren, fillen a gestalten all dat, wat se "professéieren". D'Formatioun ass net virtuell wéi um Computer oder reng kognitiv wéi sou dacks an der Schoul. Mä si geschitt gläichzäiteg iwwer de Kapp, d'Hänn, d'Ärem, d'Been, d'Féiss, d'Häerz a virun allem iwwer déi 5 Sënner. Domatten gëtt de Scoutismus zu engem Bildungspilier, deen d'Famill, d'Schoul a sécher och d'Maison Relais ergänzt a stäipt.

Guiden- a Scoutsgruppen uechter d'Land leeschte méi wéi wäertvoll Aarbecht. Et ass dofir och richteg, dass de Staat an d'Gemengen dësen Engagement mat droen. Sou ass et da méiglech, Chaletën a Material ze bezuelen, Formatiounen vu Cheffen ze finanzéieren oder um nationale Plang eng Rei Permanentën z'engagéieren. Hir Aufgab besteet doran, fir Honnerte vu bénévole Cheftainen a Cheffen logistesch z'ënnerstëtzen.

Et ass logesch bei de Scouten a Guiden, dass si sech net nëmmen heiheem asetzen, mä och an de méi aarme Länner vun eiser Welt präsent sinn: mat Suen an Iddiën, mä virun allem och mat Jonke vu Lëtzebuerg, déi op der Plaz eng Hand mat upaken. Och bei der Coopératioun bleiwt de Prinzip richteg, dass den Engagement am selwechte Mooss de Kapp, d'Häaerz, d'Hänn, d'Been an déi 5 Sënner brauch.

De Kongress vun den LGS, de 16. September 2009 zu Hesper, huet an enger vu senge Resolutiounen un eppes Wichteges erënnert. Bal 50 % vun de Kanner an eisem Land si Net-Lëtzebuerger. Hiren Undeel an de Reiën vun de Scouten a Guiden läit erschreckend wäit ënner deer Zuel. Alles, wat eis Verbänn sech op deem Plang afale loossen, ass am Interessi vun de betraffene Kanner. Et ass awer och zum Boni vun eiser ganzer Lëtzebuerger Communautéit.

Zum Schluss, léif Guiden a Sccouten, ruffen ech - sécher zesummen mat eiser Familjen- a Jugendministesch Marie-Josée Jacobs:
M.E.R.C.I. - Merci, Merci, Merci!

Lëtzebuerg, de 17. September 2009.

Mill Majerus

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire