lundi 14 décembre 2009

Den Dout vun engem jonken Offizéier

Ufanks November dëst Joer stierwt en Offizéier am Kosovo. E brillanten an ambitiéisen jonke Mann! Hien hëlt sech d'Liewen e puer Deeg no dem Ufank vu senger Missioun als Chef vun der Lëtzebuerger Unitéit op der Plaz.

Den Dout vun deem jonken Zaldot beweegt vill Leit heiheem an iwwer eis Grenze raus. An dat ass och sou richteg a gutt. Op mannst sou laang, wéi mir dobäi deem Doudegen a senger Famill dee néidege Respekt weisen.

Klamer op:
Verschidden Presseorganer, fir de "Privat" net beim Numm ze nennen, hunn op deem Plang absolut keng Hemmungen. Mä dorunner si fer d'éischt mol déi Schold, déi dee Knascht kafen, sech um dreckege Beschass "opg..len" a mengen, si hätten dann d'Wourecht gepacht. Si solle just hoffen, dass si ni selwer mat an der Schosslinn sinn. Dat Wuert "schéissen" ass an deem Kontext iwregens wuertwiirtlech ze huelen.
Klamer zou!

D'"Selbsttötung" vun engem Offizéier während enger militärescher Missioun beweegt vill Leit a geheit e ganze Koup Froen op.

Dat fängt un mat dem Wuert, dat dës Dot beschreiwt. Selbstmord? Dat kléngt iirgendwéi kriminell a passt net bei d'Verzweiflung vum Mënsch, deen Hand u sech leet. Freitot? Wéi fräi sinn dann déi Leit, déi sech d'Liewen huelen? Ass et net éischter sou, dass si keen Auswee, keng Alternativ méi gesinn? Dass si sech selwer an enger Sakgaass spiren, aus deer si net rauskommen?

Mir si sécher all erliichtert, dass bis well kee vun eisen Zaldot an enger Auslandsmissioun bei engem militäreschen Asaz ëm d'Liewe koum. Kann ee lo d'Conclusioun zéien, deem jonken Offizéier säin Dout hätt näischt mat senger Missioun am Kosovo ze dinn? D'Responsabel vun der Lëtzebuerger Arméi weerten sech et - hoffentlech - net grad sou einfach maachen. Sinn eis Meedercher a Jongen militäresch a psychesch fit, wann eist Land si fir laang Méint an d'Ausland schéckt? Si si richteg encadréiert op der Plaz? Froen, déi selbstverständlech och mir Politiker eis stelle mussen, wa mir iwwer Militärasätz am Ausland decidéieren.

All "Selbsttötung" (Suizid) geheit den Affer - dat Wuert passt sécher besser wéi de Begrëff Täter - hir Familjen, Frënn, Bekannten an Aarbechtskolleegen mat aus der Bunn. Si als éischt verstinn net, wéi et dozou konnt kommen. Si sinn iwwerrascht, hunn alles erwaart, mä net dat elo. Dacks kommen méi oder manner oppe Scholdgefiller derbäi: Hunn ech (ongewollt an onbewosst) mat derzou bäigedroen, fir deen aneren "feerdeg" ze maachen? Wéi konnt ech säi Misère iwwersinn? Firwat huet hie sech mir net konnten uvertrauen? Dacks genug ginn et wéineg sécher Äntferten op all déi Froen. D'Fro vum Firwat bleiwt. Si péngegt an deet wéi. Oft e Liewe laang. Wéi ëmmer, wann den Dout onverhofft kënnt, ass sou villes op der Lee, wat net méi kann "erleedegt" ginn: Wierder, déi een nach hätte wëlle soen, Gesten, fir déi et well ze spéit ass. Trauer muss geleescht ginn - en Invest, dee vill kascht an dacks iwwer e battere Wee féiert.

All dës Gedanken, fir engem jonken Offizéier, fir senger Fra, sengen Elteren, senger Famill a senge Frënn mäi grousse Respekt ze soen. E Respekt, deen och all aner Fraen a Männer, Jonker an Aler verdéngen, déi aus grousser Verweiflung raus sech d'Liewen huelen. Et sinn all Joer vill ze vill.

Dee Respekt ass awer nëmme sou wäit authentesch, wéi mer eis an eiser Gemeinschaft mateneen engagéieren, fir dass mer d'Leed, de Misère, d'Einsamkeet an d'Verzweiflung vum Eenzelnen besser an de Grëff kréien!

Schous, de 15. Dezember 2009.

Mill Majerus

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire