jeudi 28 mai 2009

E staarkt Stéck Lëtzebuerg!

Sou nennt de Verteidegungsminister Jean-Louis Schiltz eis Arméi. Eis Arméi huet sech gemaach a ka sech weisen. Et gouff vill investéiert: d'Effektiver, de Recrutement, d'Aus- a Weiderbildung, d'Equippementer, d'Specialisatioun. Vun der Zuel vun den Zaldoten hir si mer bescheiden; am Rescht awer fuere mir am internationale Vergläich am Spëtzeploton mat.

Dat ass och batter néideg, wa mir déi komplex a sensibel Missioune kucken, déi eis Arméi am Cader vun eisen internationalen Obligatiounen huet. Ëmmer méi dacks sinn eis Jongen a Meedercher aktiv engagéiert a wichtege Friddensoperatiounen an Europa, am Proche-Orient oder an Afrika.

Et gëtt Bierger, Politiker an och Parteien, déi mengen, mir bräichte keng Arméi. Jo, et géiff eis zu Lëtzebuerg gutt zu Gesiicht stoen, wa mer se méiglechst séier géngen ofschafen.

Wa mer eis militäresch Force leng quantitativ kucken, da wäre grouss Prétentiounen beschtefalls lächerlech. Mir mussen eis dofir net un den 10. Mä 1940 erënneren. Eng Lëtzebuerger Arméi mécht nëmme Sënn am Cader vun internationalen Allianzen. Déi hu mir an der UNO, der NATO a méi a méi och an der Europäescher Unioun.

Lëtzebuerg kënnt sech do sécher "fräikafen" - nom Prinzip: op eis puer Männercher kënnt et am Noutfall net un! Dat wär e geféierlecht Räsonnement fir e Land, dat grouss Stécker hält op seng Onofhängegkeet an Eegestännegkeet, op seng Roll an der internationaler Politik. Et ass schéin, dass vill vun eisen "auslännesche" Matbiergerinnen a Matbierger dës Ambitioun fir Lëtzebuerg mat eis deelen. (Dass eis Arméi iwwregens vill zu enger flotter Integratiounspolitik bäidréit, sief just tësche Klamere gesot!)

Munnech Friddenskämpfer sinn iwwerzeegt, dass mir de Fridden an Europa an uechter d'Welt am beschten erreechen, wa mer all Arméien ofschafen an all Waffe vernichten. Mir sollten déi militäresch Investissementer huelen, fir méi Cooperatioun, Dialog, Gerechtegkeet an Toleranz z'erreechen. Dës Argumentatioun huet villes fir sech. Krijer entstinn ë.a. doduerch, dass Leit, Classen, Gruppen, Ethnien, Länner a ganz Kontinenter ongerecht behandelt, verfollegt oder ënnerdréckt ginn. Rassesch, culturell a reliéis Intoleranz ass e schrecklech efficacen "Kriegstreiber".

Et ka net sinn, dass fräi an demokratesch Staaten an hir militäresch Verteidegung investéieren, ouni sech am selwechten staark z'engagéieren um Plang vun der Aussepolitik an der Entwécklungshëllef. Jo, déi dräi D - diplomatie, développement, défense - si poltesch Handlungsfelder, déi sech ergänzen an déi optimal vernetzt musse ginn.

Et wär - wéinegstens am Ablack - eng onverantwortbar Illusioun, fir dobäi de Pillier vun der Défense opzeginn. Mir deerfen d'An net zoumaachen virun dem rücksichtslosen Egoismus, dem blannen Haass oder dem total respektlosen Fundamentalismus.

Mir brauchen also dat "staarkt Stéck Lëtzebuerg", vun deem eisen Arméiminister mat grousser Begeeschterung schwetzt. Dat kascht eis e finanziellen Invest. Et verlaangt awer och eise Respekt fir déi Meedercher a Jongen, déi Fraen a Männer, déi sech do mat hirer Kraaft, hirer Gesondheet, hirer Sensibilitéit an hiren Idealer engagéieren.

Schous, den 28. Mä 2009.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire