samedi 23 mai 2009

Gerechtegkeet am Job

Op eiser Aarbecht vergläiche mir eis dacks mat aneren: Wivill musse mer schaffen? Wat ass eis Responsabilitéit? Wéi eng Privilegiën stinn eis zou? Wat fir eng Verpflichtungen hu mer? An dat Wichtegst natiirlech: Wéi ass et mat der Pai?

Mir vergläichen a kucken dobäi, wat fir eng Conditiounen eis Noperen hunn. Wie kann eis et verdenken, dass mer natiirlech virun allem dohinner luussen, wou mer mengen, dass Leit besser wegkommen. Ech hätt gär dem Schoulmeeschter seng Aarbechtszäit, dem Bankdirekter seng Pai, dem Staatsbeamten seng Sécherheet an dem fräischaffende Patron seng Fräiheet. Dobäi si mer lo schons voll an de Clichéën. An all Préjugé vergëft de Gespréichsklima.

Wa mer vergläichen, da misste mer no alle Säite kucken. Och dohinner, wou Leit schaffen, déi eng Rei Virdeeler net hunn, iwwer déi mir eis freeën. Et gëtt der hei zu Lëtzebuerg, déi méi gescheit sinn, méi schaffen a méi Responsabilitéit droen, an déi trotzdeem manner gutt Conditiounen hunn. Sou Iwwerleeungen droen derzou bäi, dass mer den natiirlechen Egoismus am Grëff behalen. Jo, an da sollte mer duerchaus och mol iwwer d'Grenze luussen. Ass et richteg (a mëttelfristeg nach virstellbar), dass e Beamten mat Première oder en Infirmier (M/F) zu Lëtzebuerg méi verdéngt wéi en Universitéitsproff bei eise direkte Noperen an der Belsch?

Dat gesot ass et richteg, dass mir vergläichen an eis fir gerecht Aarbechtsconditiounen engagéieren.Mir hunn eng Rei Carrièren hei zu Lëtzebuerg, déi sech zu Recht benodeelegt fillen. Eng dovunner ass déi vum Educateur gradué. Entsprécht d'Pai - am Cader vu Lëtzebuerg an am Verglach mat ähnleche Carrièren beim Staat - der Ausbildung, dem Aarbechtspensum an der Verantwortung?

Eng nei Regierung weert sech an engem wirtschaftlech schwirege Kontext mat enger Gehälterreform am ëffentlechen Déngscht mussen ausenanersetzen. Eppes schéngt mer lo schons - virum 7. Juni - glaskloer. Aus engem reduzéierte Staatsbudget eraus kann ee net einfach jidderengem méi ginn. Et wär schons net schlecht, wann een de Gesamtkredit behale géiff a net méi oder manner drastesch - wéi a ville Privatbetriber - kiirze misst. Méi gerecht verdeelen, ouni méi ze hunn, verlaangt, fir ëmzeverdeelen.

Si mer am grousse Cader vum ëffentlechen Déngscht - dozou gehéieren natiirlech all déi Privatbeamten, deenen hir Pai de Staat garantéiert - bereet, fir doriwwer fair an éierlech matenaner ze diskutéieren? Oder ass et wéi sou dacks: Chacun pour soi et Dieu contre tous! Ech wënschen, dass eis Gewerkschaften eis bei deem Dialog op eng responsabel Manéier ënnerstëtzen.

Wa mer streiden, wéi mer Suë verdeelen, dann awer och, wéi mer dat mat der Aarbecht maachen. Dobäi deerfen Schoulmeeschteren, Educateuren, Infirmieren a Staatsbeamten (M/F) sech gär matenaner vergläichen. An d'Educateuren aus der Schoul sollten dat och maachen mat hire Kollegen vun Dräibuer-Schraaseg, vum Kräizbierg oder aus dem CHNP.

Mir all zesummen hätte jo gär méi Gerechtegkeet. Eng Viraussetzung an deem Engagement ass Fairness. E flotte "politeschen" Engagement! Affaire à suivre, comme qui dirait!

Schoos, 23. Mä 2009.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire