lundi 25 mai 2009

Enrôlés de Force

1942. Lëtzebuerg ass zanter dem Mä 1940 besat an integréiert an dat däitscht Nazi-Räich. Eigentlech misst ech schreiwen: dat "preisescht" Nazi-Räich. Well et si just déi Lëtzebuerger Matleefer, déi vun den "Däitsche" schwezzen.

1942 verléiert de Nazi-Régime militäresch all Illusiounen. An deem Kontext gëtt decidéiert, dass och déi Lëtzebuerger Jongen an d'Wehrmacht rekrutéiert ginn. Et ass dat ongeheierlech: Lëtzebuerg war bis de Mee 1940 een onofhängegt a neutraalt Land. Zanter der Okkupatioun setze vill Leit alles drun, fir de Nazi-Régime ze bekämpfen.

Déi betraffe Jongen - an enger éischter Etape d'Joergäng 1920-1925 - sti virun engem fir eis onvirstellbaren Dilemma. Wa si sech stellen, da kämpfe si an de Reihen vum "Feind" géint d'Alliéiert vun hirer Heemecht. Wa si desertéieren, da stelle si net nëmmen hiirt Liewen op d'Spill, mä bréngen all déi a Liewensgefoer, déi hinnen hëllefen. Hir Familjen musse mat schlëmme Sanctiounen - Deportatioun - rechnen.

Den "Enrôlement de force" vun "Eise Jongen" ass en dramatescht Kapitel an der Geschicht vun eisem Land. Jonk Lëtzebuerger verbludden un de russescher Front, si bedeelegt un der Säuberung vu Juddeghettoen, geroden a russesch, englesch oder franséisch Gefaangeschaft... All dat géint hire Wëllen, géint hir Idealer, géint hir Iwwerzeegung! D'Sënnlosegkeet ass dobäi net ze toppen.

Vill vun hinnen desertéieren - direkt oder méi spéit. Si gi verstoppt: a Scheieren, op Kiirchentiirm, am Bësch, an de Minièren... Si ginn erbaarmungslos gejot. Et ginn an deem Kapitel Lëtzebuerger Geschicht grouss Helden, deenen hir Nimm kaum ee kennt. Et ginn dobäi och Verréider - aus Feigheet, aus Opportunismus a geleegentlech och aus Iwwerzeegung. En Deel vun de Jongen ginn iwwer d'Grenzen, kämpfen an der belscher Armée blanche, an der franséischer Résistance oder packen et souguer bis an England.

De leschte Samschteg hat d'Federatioun vun den Enrôlés de Force hire Nationalkongress zu Steesel. D'Zuel vun deene Betraffenen geet natiirlech all Joer zréck. Si sinn haut all iwwer 80. Vill blouffen hiirt Liewe laang kierperlech a séilesch staark markéiert. Fir si war 1945 de Leidenswee net feerdeg.

Et ass wichteg, dass mir dës Geschicht, e Kapitel vun eiser aller Geschicht, net vergiessen. Dat si mir fer d'éischt mol deene schëlleg, déi direkt betraff waren. Et erkläert dann awer och villes, vun deem wat no 1945 geschitt ass an eisem Land an an eise Familjen. Schlieeslech erënnert et eis awer och drun, dass de Fridden, d'Fräiheet, d'Selbständegkeet an d'Toleranz fragil Cadeauën sinn, fir déi mir eis ëmmer rëm bewosst engagéiere mussen. Wa mer sollten Argumenter fir Europa brauchen, da fanne mir se an eiser ganz rezenter Vergaangenheet.

Et ass gutt, dass mir zanter kuerzem e Centre de Documentation et de Recherche hunn, dee vun engem jonken Historiker gefouert gëtt. Et ass richteg, dass antëschent méi Jonker sech op de Säiten vun den Enrôlés de Force engagéieren. Wa mer eis Geschicht richteg kennen an daiten, dann ass sécher méi liicht, eis Zukunft op en zolitt Fundament ze setzen.

Schous, 25. Mä 2009

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire