vendredi 8 mai 2009

Pilgeren?!

Jo, mir hunn rëm Octave. An dëse Wochen - sou eis al Lëtzebuerger Traditioun - pilgere mir bei d'Muttergottes an d'Stad. Vill vun eis weerten bei deem Thema éischter süffisant reagéieren a mengen, dass een d'Kathedral gär duerch de Mäertchen ersetze kënnt.

Pilgeren - an zwar an der Octave - ass fir mech perséinlech eppes ganz Wichteges. Et huet, fir unzefänken, mat mengem Papp ze dinn. Hien hat versprach, dass hien - wann en d'Chance hätt, fir de Krij z'iwwerliewen - all Joer géiff pilgeren. Dat heescht: ze Fouss vun doheem an d'Stad goen. Hien huet effektiv de KZ vun Hinzert, d'Wehrmacht an d'Stopp als Réfractaire iwwerliewt a Wuert gehal. Ech mengen zwar, dass dobäi weder den Herrgott nach d'Maria hir Fanger am Spill haten. A mengen An wär sou e Glawen soss näischt wéi Gotteslästerung. Mä mäi Papp huet mir - ouni vill Wierder - säi Pilgerwee all Joer an d'Octave verierwt. Fer d'éischt hunn ech deerfen duerch d'Nuecht matlafen, wéi ech am 3. Schouljoer war. Mir hunn zu Ëlwe gewunnt, si mam leschten Zug owes op Miersch gefuer an dunn géint 1 Auer an der Nuecht iwwer d'N7 an d'Stad getrëppelt.

Eng Ierwschaft bréngt nëmmen dann eppes, wann ee se lieweg hält, also eppes fir sech a säi Liewen doraus mécht.

Pilgeren heescht fir mech:
- Ech huele mer Zäit.
- Ech loosse mech drop an.
- Ech maache mech op e laange Wee.
- Et kascht mech eppes.
- Ech sinn ënnerwee - eleng oder mat gudde Frënn.
- Albekanntes entdecken ech nei.
- Ech sinn awer och op, fir Neies ze gesinn an z'erliewen.
- Ech fannen um Wee nei Perspektiven an nei Horizonter.
- Ech spire mech - mat neie Potentialitéiten an ale Grenzen.

All dat eleng wär et schon der Méi weert.
Mä et ass och d'Chance, fir dat nei ze gesinn, wat den Alldag sprengt.
Dat oder deen nennen ech Gott.
Dee Gott, un deen ech gleewen, ass grouss, mä Hie mécht keng Angscht.
Hien impressionnéiert mech, mä Hie quëtscht mech net.
Hie kann alles, mä wëllt näischt ouni mech.
Hien offréiert mir eng Allianz vu Frëndschaft.

E bescheident Meedchen aus Israel huet sech virun 2000 Joer op déi Offer agelooss an de "Kontrakt" mat ënnerschriwwen. Säi Numm ass Miriam (Maria).

An dësen Deeg maachen sech vill Gruppen op de Wee. Mir zu Schous e Samschteg, de 16. Mä 2009, moies um 6 Auer bei der Kapell. Du bass wëllkomm!

Schous, den 8. Mä 2009.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire